Déi kleng Chamber (live am Bistrot de la Presse) Serge Tonnar & Legotrip

1,687 Views
Published

https://itunes.apple.com/lu/album/dei...
Serge Tonnar & Legotrip mam Foxe Fern
"Déi kleng Chamber"
Live am Bistrot de la Presse.
(Musek: Pierre Kartner, Wieder: Pol Pütz)
("Het Kleine Café Aan De Haven" by Pierre Kartner)
© VABO MUSIC / Intersong Basart Music Publishers (Strengholt Music Group)
Used by permission of Strengholt Music Group, Naarden -- The Netherlands
Chouer: Andy Loor, Jeff Mack, Carlo Migy, Serge Schonckert, Claude Wiltgen
Akkordeon: Ben Claus
Video produced by deal productions
producers alexandra hoesdorff, désirée nosbusch
director désirée nosbusch
executive producer jean-claude schlim
director's & producer's assistant rafaelle delatullaye
camera alex aach, oliver koos
sound marc thill
make-up fredo roeser
production assistant deborah pierre-bloch
driver marin bogdan

Eis Chamber gläicht bal engem groussen Theater,
wou dacks een deen anere vernennt
Deen een hält eng Ried an deen anere liest Zeitung,
en drëtten, dee sëtzt do a pennt
Et gëtt vill geschnësst an et gëtt vill gebraddelt,
herno gët dat alles gedréckt,
A sechs Méint méi spéit kréie mir dëse Kabes
nach gratis an d'Heiser geschéckt.

Am klenge Bistro riichtiwwer vum Palais,
do sëtze si dann herno beieneen,
Am klenge Bistro riichtiwwer vum Palais,
do hat scho munch Deputéiert eng am Been.

An all eis Parteien, déi sinn hei vertrueden,
de Bistro, deen ass strubbelvoll.
Hu si sech virdrun och nach giedlech zerstridden,
lo gëtt een zesumme geholl.
Ob schwaarz oder roud, ob blo oder orange,
't ass keen dee sech dorunner stéisst
An hei ginn och dacks no dem zwieleften Humpen
politesch Problemer geléist.

Speziell no de Walen, wann d'Vollek gestëmmt huet,
da gëtt et hei ganz interessant
Wie mécht lo d'Regierung, wie geet matenaner
a wie gëtt lo Meeschter am Land?
Et gëtt kontaktéiert, et gëtt debattéiert,
et ass schons eng ganz kriddlech Saach
Mee sidd mer es sécher, scho munnech Regierung,
déi gouf hei beim Comptoir gemaach.

Am klenge Bistro riichtiwwer vum Palais,
do sëtze si dann herno beieneen,
Am klenge Bistro riichtiwwer vum Palais,
do hat scho munch Deputéiert eng am Been.

Dee klenge Bistro riichtiwwer vum Palais,
dat ass den Nuebel vun eisem ganze Land
Dee klenge Bistro riichtiwwer vum Palais,
déi kleng Chamber, sou gëtt hien och meeschtens genannt.

Category
Luxemburg Music&Cabaret
Tags
serge tonnar, legotrip, bistrot, presse, chamber, foxe fern, live, cabaret