Belle Epoque - Trailer.mp4

1,749 Views
Published
D'Isabelle, eng jonk Lëtzebuerger Fra vu Mëtt zwanzeg aus biergerlechem Milieu ass amgaang hir Valissen ze paken. Si soll bei hir Tatta an d'Frankräich fueren, fir do ënnert hirer Leedung als Infirmière an engem Spidol ze schaffen. Et ass am August 1914 an hannert de Fronten gëtt all Mënsch, dee gudde Wëllens ass, gebraucht.Och mat der Hëllef vun hierem Déngschtmeedche Betty geléngt et dem Belle net alles richteg ze verstauen. Dofir ginn déi zwou Fraen op de Späicher fir do no enger weiderer Valiss ze sichen. Am Papp senger Mansard stoussen si op e grousse Schéffskoffer, deen ausgesäit wéi wa vill géif dragoen. Si briechen de Koffer op an Dausende vu Fotographien a Postkaarte falen eraus an heefen sech zu engem Bierg vu visuellen Erënnerungen. D'Belle gëtt wéi duerch en Zauber vun de Fotoen ugezunn a ka seng Aën net méi dervunner lassléisen...Des Rahmenerzielung féiert eis durch dem Andy Bausch seng Belle Epoque. E Collage vun nogestallte Fiktiounszenen, Archivbiller, Postkaarten a Fotoen duerch d'Joren tëscht 1890 an 1914.An dem 98min laange Film begéinen mir de Fotografen Bernhoeft a Batty Fischer, dem Staatsminister Paul Eyschen, dem „rouden Dokter" Dr. Michel Welter, dem C. M. Spoo, der Grand-Duchesse Marie-Adelheid, dem Päerdstram an dem Jangli, der Adolphsbréck, der Schampesfabrik Mercier, den Emigranten an den Auswanderbüroen, den Déngschtmeedecher, dem Alyne an Emile Mayrisch, den italienesche Schmelzaarbechter, dem Déifferdenger Streik vun 1912, den Thermen zu Munneref, dem Michel Théato, dem François Faber, den éischte Futballclibb, den éischte Fligeren, eisen Dageszeitungen, dem "Armer Teufel", dem Café Jentgen, dem Batty Weber, dem Litty an der Schueberfouer, dem Herkull John Grün, dem Buffalo Bill, dem Hauptmann von Köpenick an den éischte Kinosbuden...Mir erliewen de Réckbléck op d´Belle Epoque esou ewéi den Andy Bausch se erzielt, net als Chronik vun engem Reporter, dee chronologesch Evenement un Evenement reit, net als These vun engem Historiker, dee Wichteges vun Onwichtegem trennt, net als Lektioun vun engem Pädagog, dee probéiert opzeweisen, wat vu wat kënnt a wat wouhinner féiert.Dem Andy Bausch säi Film wëll sech einfach dreiwe loosse vu Personnage zu Personnage, vun Impressioun zu Impressioun, e wëll deenen d´Wuert an de Mond leen, déi d'Epoch erlieft hunn, de besseren Herrschaften esou gutt wéi dem Pak. Natirlech huet de Réalisateur hei seng Virléiften (d´Schmlelzaarbechter an d´Déngschtmeedercher z.B.) an hie gräift och déi Momenter op, déi hien fir ergräifend oder amüsant hält, déi historesch awer net esou wichteg sinn. Wat um Enn soll entstoen, ass en ënnerhalenden, impressionisteschen Tableau vun der Belle Epoque, deen den Zuschauer vun haut amuséieren an him trotzdeem eppes nobrénge soll, wat hie virdru vläicht nach net kannt huet.© Paul Thiltges Distributions, 2012
Category
Staff picks Luxemburg Music&Cabaret Movies & Trailers
Tags
PTD, PTD Studio, Paul Thiltges Distributions, Andy Bausch Belle Époque