Serge Tonnar & Legotrip - Wat den Noper seet

3,282 Views
Published

Lidd hei kafen -Serge Tonnar & Legotrip-Wat den Noper seet.Titelsong vun der Sitcom "Weemseesdet"Wat den Noper seet1D'Wis ass geméihtAn d'Hecke geschniddenDen Auto gewäschAn den Noper zefridden(Weemseeddet, weemseesdet)Eis Kanner sinn immensKonnte ganz fréih schwätzenAn der Schoul och ganz staarkMa mir wëllen eis net bretzenRefrainSchäissegal wéi et Dir geet Schäissegal ob een dech versteet Dat eenzegt wat zielt ass wat den Noper seet2Mir hunn en 2. Auto an den 13. MountMir hunn 1 Schold um Haus, dat ass dach besser wéi gelount Mir hunn eis 1/2 Taasch an d'5/6 Pensioun 2 Kanner net gedeeft awer 1 Auer fir d'KommiounMir hunn 1 Memberskaart am Golf och wa mer guer net spillenMir hunn 1 Kannermeedchen wat eis Kanner da soll zillen Mir hunn 1 Veranda fir och am Wanter ze grillenMat 1 Klimaanlag dran fir am Summer schéin ze killenMir hunn et zwar net néideg an trotzdem hu mer d'CactuskaartMir hunn de grénge Stroum an 1 Kompostkéipchen am GaartMir hunn en ordre permament fir d'Croix-Rouge opgemaachtA kafe just nach regional am léiwsten nach um MaartMir hunn alles wat mer braauchen a souguer zweemol dervunnMir kënnnen eis net bekloen a sinn awer net gutt drunMir hunn, mir hunn, mir hunn, jo mee wat hu mer dann dervunnWa mer alles opginn hunn u wat mer mol gegleewt hunn RefrainSchäissegal wéi et Dir geet Schäissegal ob een dech versteet Dat eenzegt wat zielt ass wat den Noper seet3Jo, dat eenzegt wat zielt, ass wat den Noper seetA wat den Noper net gesäit ass wat wierklech hei ofgeetMir schwätze laanschteneen, 't lauschtert kee wat deen anere seetWeen's d'och frees, weem's d'et sees, 't ass keen do deen et versteetAn hannert der Fassad do bréckelt ferm de LackVum Keller iwwert d'Kichen, bis op den 1. StackMir hunn es mega saat a ginn eis all krass op de SackFack mir hunn eng Famillien-Neurosen-AttackEis Kanner déi lappen a si kréihe just nach DatzenA wa se doheem sinn, da fir ze ratzen an ze latzenWell se all Owend duerch d'Bistro'n an d'Diskoe fatzenWa se sech net zerklappen oder Alkopops katzenDe Glaf dee mécht séileg, an de Speck dee mécht fettMir ginn eis keng Méih méi an 't leeft och näischt méi am BettEis Famill fällt auserneen an 't ass keen do dee se rettAn dem Noper geet et nach méi schlecht, do maache mer all WettRefrainSchäissegal wéi et eis geetSchäissegal ob een eis versteet Dat eenzegt wat zielt ass wat den Noper seetAkteuren Nicole Max -- Germain Wagner -- Désirée Nosbusch -- Mickey Hardt -- Eugénie Anselin -- Luc Lamesch -- Max Thommes -- Nilton Martins -- Sofia Lopes -- Fernand Fox -- Laura Schuller -- Anne Bredimus -- Sven Soares Produktioun deal productions Produzenten Désirée Nosbusch Alexandra Hoesdorff Executiv-Produzent Jean-Claude Schlim Produktiounsleedung Laurent Dumas Produktiounskoordinatioun Romain Roll Supervisiouns vun der Réalisatioun Claude Lahr Réalisatioun Pol Cruchten Bildschnëtt Amin Jaber Luucht Helder Da Silva Toun Ralph Popov Décoren Bruno Zenatello Kostümer Isabelle Dickes Maquillage a Coiffure Joël Seiller Regie-Assistenz Dave Fandel -- Sascha Heyar Car régie René Heiar Scripte Julie Braham Floor Runner Oliver Waldbillig Régisseur général Gil Altmann Perche Arnaud Mellet - Antoine Didy Provenzano - Alex Mellet St/by Props Walter Oliveira Pereira Fotograf Fabrizio Maltese Choreographie Sylvia Camarda Making of Tun Tonnar Chef car/Kamerakontroll Rainer Struck - Mike Castellani VTR Operator Martin Olownia Kamera Ina Froitzheim - Alex Aach - Nikos Welter FX/Graphics/Générique Jerry Manderscheid -- Max Travaglini Confo Jean Schwarz Etalonnage Carlo Dabé Supervisioun Post-Produktioun Julie Braham Kamera, Luucht & Post-Produktioun BCE Toun Material & Post-Produktioun Equinox

Category
Luxemburg Music&Cabaret
Tags
weemseesdet, weem, sees, det, serge, tonnar, legotrip, wat, den, noper, seet, sitcom, schäissegal