Search Results: marc-faber

  • De Marc Faber ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen

    SOURCE: http://kultur.rtl.lu

    E Sonndeg ass déi traureg Nouvelle komm, dass de Marc Faber gestuerwen ass. Hien war während Joeren e Pilier vum Lëtzebuerger Theater.


    © Roland Miny (pressphoto.rtl.lu – Archiv)

    De bekannte Lëtzebuerger Acteur an Theaterspiller Marc Faber gouf 61 Joer al. Hien ass e Samschdegowend no kuerzer Krankheet gestuerwen.

    1975 koum hie bei de Lëtzebuerger Theater, wou hien och de René Pütz kenne geléiert huet, een Duo, deen d’Lëtzebuerger zum laache bruecht huet. Méi spéit gouf och hiert musikalescht Talent vum Jhang Linster entdeckt.

    Nodeems virun 11 Joer de René Pütz eis verlooss huet, stoung de Marc ouni säi Pendant weiderhin op der Bühn. Um RTL-Radio war de Marc och während enger Partie vu Joeren an der Stammequipe vun den Déckkäpp.

    De Marc war sech fir näischt ze schued. Och no senger Pensioun, huet hien nach fir e Busentreprener geschafft an ass d’Leit op de Findel siche gaangen.

    R.I.P. Marc. Mäin häerzlechst Bäileed un d'ganz Famill.

    clipclic.lu

    Read more

Latest Articles

Most Popular