Fäertaasch (live mam OPL) Kuckt Iech och hei un, wéi friddleche Protest ausgesäit Vollekslidd live

718 Views
Published
Fäertaasch
https://ffm.to/13ym7x6

Musek & Text: Serge Tonnar
Arrangement: Michel Reis
Mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Gast Waltzing
Opgeholl an der Rockhal um POST CLASSIC meets LëtzMusek, den 25.6.2021
Mix: Chris Simon
Videoproduktioun: FreeLens

1
D'Welt ass um Enn, 't hat just keen hir et gesot
An d'Spezialisten, déi wësse sech kee Rot
Seet deen een dëst, da seet deen aneren dat
An déi meescht dervun, déi zielen egal wat
Ma eent ass kloer, gläich kënnt de jéngsten Dag
Well si hunn eise klenge Bistro zougemaach

Refrain 1:
Ech hunn es genuch, ech sëtze wéi op Kuelen
Ech hunn es sat, mam Virus an de Käpp
Halt se fir Iech, d'Mesuren an och d'Zuelen
Komm mir ginn een huelen
Bei d'Vicky a bei d'Kett

Refrain 2:
Loosst eis nach eemol danzen an der Gaass
Ouni Angscht an ouni Haass
Bei engem leschte Glas

Huelt gär eist Liewen, mee loosst ons eise Spaass
Mir ginn nach eemol Gas
An da bäisse mir an d'Gras

2
D'Netz ass voll Verschwörungstheorien
An d'Press mécht Reklamm fir d'Pharmaindustrie
D'Konscht ass näischt méi wäert a geet op Iutiub ëm
An ech lafe just nach am Jogging ronderëm
Well ech däerf net op d'Belsch Plaasch, dat ass kee Witz
Leckt eis am Aasch, da fléie mir op Biarritz

Refrain 1:
Ech hunn es genuch, ech sëtze wéi op Kuelen
Ech hunn es sat, mam Virus an de Käpp
Halt se fir Iech, d'Mesuren an och d'Zuelen
Komm mir ginn een huelen
Bei d'Vicky a bei d'Kett

3
Mee ech sinn e Fäertaasch
Dofir spär mech an
Beschütz mech vru mir selwer
Well ech dat nach net kann

Refrain 2:
Ma och wa mir ni méi danzen an der Gaass
Aus Angscht gëtt gären Haass
Och ouni e lescht Glas

Wa mir och liewen, ganz eescht an ouni Spaass
Gi mir och ni méi Gas
Bäisse mir nawell an d'Gras
Category
Rock and Alternative Pop Classic
Tags
#Fäertaasch, #sergetonnar, #luxembourg, #gastwaltzing, #michelreis, #popclassic, #rockhal, #opl