Serge Tonnar - Ech si Le?tzebuerg

6,887 Views
Published

Kaf d'Lidd hei:
iTunes:
https://itunes.apple.com/lu/album/ech-si-letzebuerg-single/id665649130?l=en

bandcamp:
 http://legotrip.bandcamp.com/track/ech-si-l-tzebuerg

www.legotrip.lu
Text & Musek: Serge Tonnar & LegotripRegie, Kamera,
 Montage: Tun TonnarMix: Mike ButcherMastering: Alan Ward (electric city)Ech si Lëtzebuerg(serge tonnar 10-13)
1.Ech si mat Muskelschwund de Georges Christen
De Girardelli am Plou op Ufängerpisten
De Bommeleeër an och säi
 RiichterEch sinn den Thierry awer anonym an niichter
Ech sinn de Frieden als grousse Künstler
Den André Hoffmann als Member am
Cercle MünsterEch sinn am
Te Deum an hu kee Kleed un
Ech sinn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse déi sech gescheet hunn Ech sinn de Bëttel dee glat keng Sau kennt
Ech sinn de Mittal deen ënnert der rouder
 Bréck penntEch sinn de Fränk an ech hu kee
BrudderD'Lea Linster a kache fir Kackmaschinne
 Fudder REFEch sinn alles, an ech sinn näischt
D'Madeléin déi laacht, de Klon dee kräischt
Et gëtt däi Lëtzebuerg, an et gëtt mäintLooss et gutt sinn, jidderengem säint
 2 .Ech sinn den Dillenbourg mat Hoer an der
NuesEch sinn de Guillaume a méien zu
 Fëschbech de Wuess
De Vullegast dee sech mol gekämmt hätt
De Juncker dee mam
 Colombera eng gedämpt hätt
 Ech sinn de Bartolomeo deen d'Fëmmen um
 Mars verbitt
De Strummert deen an eng
 Villa um Eecherfeld zitt
Ech sinn den Tonnar just am Cercle
 BechEch si bestued mam Foxefern a mam Colette Flesch
Ech sinn de Jemp Schuster dee just nach fir d'Wort schreift
De Marc Thoma dee sech selwer lo en Nol an de
Kapp dreift
Den Hollerech deen an aller Ëffentlechkeet buppt
De Robert Biver deen net an déi eege
Promillskontroll knuppt
3.Ech sinn de Bausch an allergesch op Geméis am
GesiichtEch sinn de Fausti deen eent an der
Bambubar um Buedem biischt
Ech sinn de Rewenig dee
 Jo an Amen seetSinn d'Astrid Lulling wat op eemol kee
 Lëtzebuergesch versteet
Ech si Christus an ech sinn och Buddha
Ech liewen zu Kanech, zu Kairo an zu Kalkutta
Ech sinn esou an dann och nees anescht
Ech sinn zu Shanghai, Schikago a Schlënnermanescht
Ech sinn de Glawen an och d'Mathematik
Ech sinn d'These an d'Antithese vun all Thematik
Ech si rout wäiss blo giel a schwaarz wéi d'Nuecht
Ech sinn net Lëtzebuerg, ech si Lëtzebuerg

 

 

Find us on fuze.lu

Category
Pop Luxemburg Music&Cabaret
Tags
serge tonnar, legotrip, laksemborg sitti, legolive, rockhal, deborah lehnen, alan ward, bommeleer, mike butcher, grand, duc