Serge Tonnar & Legotrip - Den Hit op RTL

1,667 Views
Published

Find us on fuze.lu

Den Hit op RTL
(Serge Tonnar & Legotrip)

Hei kafen: https://itunes.apple.com/lu/album/den...
Oder www.legotrip.lu
Realisatioun & Szenario Clip: Alphonse Hatz & Serge Tonnar
Montage & Colour Grading: Alphonse Hatz
Merci: RTL, Dan Spogen, Jeff Selyer, D'Muselfénkelcher, Famill Labidi fir den R4, Vanessa Rossi
1
Mir haten en Hit op RTL
Lo brutzele mer an der Mainstreamhell
Eis al Kollegen, déi Alternativ
Bekucken eis, wann iwwerhaapt, da schif

Mir schwieren iech, 't war net sou gemengt
Dat Lidd mat deem mir d'Charts gesprengt
Wollte mer am Fong net op den Disk dropman
Et war am Fong geduecht fir e Witz ze man

An op eemol hate mer Blutt geleckt
An engem Stéck déi nei Charts gecheckt
Mir wollten et bis ganz uewen hi packen
A vun do dann erof op déi ganz Welt kucken


Refrain
Dofir wëlle mer ni méi en Hit op RTL
Da sëtze mer nach léiwer an enger Zell
Ni méi gëlle Placken uewen um Schaf
Ni méi dem Däiwel eis Séil verkaf

Nee ni méi en Hit op RTL
Ni méi an enger Playlist mam Adele
Ni méi eppes wat engem Hit gläicht
Léiwer kredibel wéi erfollegräich
Gëschter an och haut
Da si mer léiwer nees out
2
Awer nom Hit ass och virum Hit
Et kritt een net genuch vun deem Shit
An ass een dru gewinnt, da braauch een de Kick
An den Underground ass op eemol net méi sou schick

A da ginn et all déi Leit déi et selwer net kënnen
Awer aneren op kee Fall den Erfolleg gënnen
Ass et Arroganz oder de blanken Näid
Déi kënne sech just freeën wann een um Buedem läit

Ma och wa mer keen anere fir den Erfolleg brauchen
Gëtt et een deem mer mussen hanne rakrauchen
Dee kënne mer net ofblëtze loosse well
Dat ass de Chef vun der Musek bei RTL

Refrain
Well soss kréie mer ni méi en Hit op RTL
Dat ass vill méi schlëmm wéi an enger Zell
Dann awer léiwer nees d'gëlle Placken um Schaf
Och wa mer dofir dem Däiwel eis Séil verkaf

Mir wëllen nees en Hit op RTL
Mir wëllen nees an d'Playlist mam Adele
Mir wëlle bei déi Schéin a bei déi Räich
Vläicht net méi kredibel dofir erfollegräich
Gëschter an och haut
Mat Gitarsolo a Fade out

 
Category
Rock and Alternative Luxemburg Music&Cabaret
Tags
serge tonnar, legotrip, rtl, luxembourg, hit